Dräi Gebuertsdeeg a ganz, ganz vill Léift

En ronne Gebuertsdag ass ëmmer e gudde Grond fir d’Schampesfläsch auszepaken an unzestoussen. Ëmsou méi, wann och nach eng richteg VID (Very Important Diva) sech d’Éier gëtt.

D’Joer 2019 ass fir d’LGBTIQ Communautéit souwuel allgemeng wéi och speziell zu Lëtzebuerg e ganz wichtegt Joer: Viru genau 50 Joer hunn d’Stonewall Riots stattfonnt, déi den historeschen Ufank vum gay rights movement markéiert hunn. 30 Joer méi spéit hat dës Well och Lëtzebuerg erreecht, sou dass mär dëst Joer den 20. Gebuertsdag vum Luxembourg Pride (dem fréiere GayMat) konnte feieren. A wat läit méi no ewéi dofir bei engem weidere Gebuertsdagskand anzekéieren?

D’Escher Bibliothéik, déi dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag feiert, war d’Venue wou d’Séraphine Mirage d’Nolauschterer an hire Bann gezunn an entertaint huet wéi keen zweet. Nodeems d’Spectateuren op de reeboufuarwege Still Plaz geholl haten, gouf mat enger wonnerschéiner Geschicht aus dem Jule Markwald sengem Buch „Das große Regenbogen Märchenbuch“, nämlech d’Mäerche „Der schmutzige Heinrich und Prinz Ferdinand“, ugefaangen. Dëst ass eng kannergerecht Erzielung iwwert zwee Männer déi sech verléiwen – Kampf géint de béisen Draach inclus. D’Séraphine huet dës Geschicht net nëmme mat vill Gefill virgedroen, mee dëst Buch der Bibliothéik um Schluss vum Owend och geschenkt.

Wien do scho geduecht hat, dass et net méi romantesch kéint ginn, deen huet d’Séraphine natierlech ze iwwerrasche gewosst. An engem absolute Geniesträich huet déi glamouréis Diva eng verlëtzebuergescht Versioun vum Shakespeare senger wuel bekanntster Tragedie zum Beschte ginn, baséierend op der Kannerbuch-Versioun vu Romeo und Julia vum Barbara Kindermann. Mee statt Mann a Fra sinn et zwou jonk Fraen, d’Romaine Molitor an d’Julie Cardoso, déi sech „in fair Vianden where we lay our scene“ verléiwen. D’Geschicht ass wuel bekannt, an awer houngen déi vill Nolauschterer, déi de Wee an d’Bibliothéik fonnt haten, absolut hypnotiséiert um Séraphine Mirage senge Lëpsen: net nëmmen dass jidderee wollt wësse wéi d’Hären Tybalt a Benvolio sech op Lëtzebuergesch nennen, mee virun allem war et déi matrappend Natur vum Séraphine Mirage, déi zou kengem Moment Langweil opkomme gelooss huet a méi wéi eemol fir grouss Lacher gesuergt huet.

Sou war et matten an der Pride Woch e gelongenen Owend – a sécherlech hofft net nëmmen d’Team vun der Bibliothéik, dass et eng weider Oplag wäert ginn: Séraphine, w.e.g. lies weider!