Posts Tagged: Jhemp Hoscheit

Aus Esch, vun Esch, fir Esch.

Sortir la bibliothèque de ses murs ! Sou hat d’Escher Bibliothéik et sech am Kader vum Centenaire ob de Fändel geschriwwen. Net all Event sollt an de véier Wänn vun der Bibliothéik stattfannen, mee d‘Bibliothéik sollt och ausserhalb vun hire Maueren unzetreffe sinn.

Den „Escher Owend“ war eng vun dëse Geleeënheeten. Fir dat literarescht Heemspill vun der Stad Esch huet et eis an eng weider Escher Kulturinstanz verschloen: De Festsall vum Ciné Ariston.

Donneschdes moies huet sech d‘BESA-Team dowéinst opgedeelt: fir den Accueil ze garantéiere sinn zwee Leit am Haus bliwwe an de Rescht huet sech zesummen doru gemaacht den Auto a schéinster Tetris-Manéier fir den Transport bei den Ariston anzelueden. Sur place gouf mat vill gudder Laun de Sall amenagéiert, Fotellen a Liesluuchten op d’Bühn gehieft, d’Technik un d’Lafe bruecht, Gedrénks kal gestallt an d’Dëscher fir de Public mat Centenaires-Gadgeten dekoréiert.

Owes war dunn déi ganz Bibliothéiks-Equipe am Ariston present fir eis Gäscht vun dësem speziellen Owend ze empfänken.

Fir hiert literarescht Schafen hunn de Michel Clees, dem Nico Helminger an de Jhemp Hoscheit eng ganz Rëtsch vu Präisser gewonne – kee Wonner, dass si och d’Escher Publikum direkt ob hirer Säit haten. De Michel Clees huet Passagen aus sengem Buch „Abreise“ virgelies, wärend den Nico Helminger eis an d‘„Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ entfouert an eis um Protagonist senge Gedankegäng deelhuele gelooss huet. De Jhemp Hoscheit huet d’Nolauschterer mat an d’Esch vun de 60er Jore geholl an den Owend duerch Auszich aus dem „Wootleche Krich“ ofgeronnt.

Wärend enger klenger Lies-Paus konnt sech de Public beim Bicherstand vun der Librairie Diderich mat de jeeweilege Wierker versuergen an och direkt vun den Auteure signéieren loossen. Och no der Liesung gouf sech bei engem gemittleche Patt nach mat den Auteuren ausgetosch.

Owes spéit gouf dunn mat vereente Kräften d‘Dëscher a Still zeréckgeraumt, d’Glieser gespullt an d’Bibliothéiksmaterial agepaakt an zeréckgefouert.

Den „Escher Owend“ kuerz resuméiert: Aus Esch, vun Esch, fir Esch.

Liesung mam Jhemp Hoscheit

Fir eise Centenaire huet sech och ee vun de bekanntsten Escher Auteuren, de Jhemp Hoscheit, d’Éier ginn an aus enger Rei vu senge ville Wierker („Wat wibbelt do am Schaf“,“Geschichten aus dem Zirkus“, „Kopplabunz“, „Op der Rees“, „De Schmunzel+“ a „Den Eppes“) virgelies.Den Auteur wousst seng jonk Nolauschterer mat senger lebendeger Erziel Aart a Weis vollkommen ze faszinéieren.

An och beim Bibliothéikspersonal konnt een dat eent oder anert Schmunzelen erblécksen, wärend si Klassiker aus hirer Kandheet erëmerkannt hunn. Verschidde vum Auteur sengen Zeile konnt deen oder anere souguer nach aus dem Gediechtnes matschwätzen.

Dësen Nomëtten huet fir all d’Nolauschterer e Stéck lëtzebuergesch Kannerliteratur lebendeg gi gelooss.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom