Kannerbuchliesung op der Brill Plaz

Um Samschdegmoien vum 20. Juli hate mär Rendez-vous mat der Autorin a Verleeërin Christiane Kremer fir eng weider Kannerbuchliesung am Kader vun eisem Centenaire.

Dës Liesung sollt ausserhalb vun eise Mauere stattfannen, a sou huet een Deel vun der Equipe an der Bibliothéik d’Stellung gehalen an deen Deel sech mat dem Bibliambule – eiser Bibliothéik op Rieder – op de Wee Richtung Brillplaz gemaacht.

Nodeems de Bibliambule mat senge Bicher an de bequemen Hängematten opgeriicht war, hu mär d’Sëtzgeleeënheete fir déi kleng Gäscht preparéiert.

Et goufen dräi flott Geschichte virgelies, zwou dovunner vum Christiane geschriwwen („Poli a Maisy“ a „So mol Lobo“), souwéi eng weider Geschicht, déi vum Christiane op Lëtzebuergesch iwwersat ginn ass („Di kleng Prinzessin : ech hätt och gär Frënn“).

D’Christiane huet mat Hëllef vun engem Kamishibai a verschidden Objeten d’Geschichten zum Liewen erwächt. Esou konnten d’Kanner, déi nogelauschtert hunn, Deel vun der Erzielung ginn an d’Personnage fir eng kuerz Zäit selwer verkierperen.

Obwuel et am Ufank e bëssen Hesitatioun gouf, huet sech de Public lues a lues mat klengen a groussen Nolauschterer gefëllt, déi wärend enger Stonn dovu profitéiert hunn sech an dräi nei Welt katapultéieren ze loossen.

No der Liesung konnt de Bibliambule nach ausféierlech getest ginn. Et war sécherlech net déi leschte Kéier, dass dësen zum Asaz koum.

Dëst Event op der Brill Plaz/Place de la Résistance huet der Bibliothéik erlaabt hirem Public ausserhalb vun de Bibliothéiksmauere méi no ze kommen an nei Connectiounen ze schafen.