Posts Tagged: Bibliambule

D’Escher Bibliothéik pedalléiert duerch Esch: Escher Kafé

D’Escher Bibliothéik pedalléiert duerch Esch: Gaalgebierg

D’Escher Bibliothéik pedalléiert duerch Esch: Uelzecht-Strooss

Escher Jugenddag 2019

Mission Accomplished

Et ass zu engem feste Rendezvous am Kalenner vun de Kulturorganisatiounen zu Esch ginn: den Escher Jugenddag, organiséiert vum Escher Service Jeunesse. All Joers op ee Neits sinn hei eng sëllechen Organisatiounen op der Resistenz/Brillplaz vertruede fir de jonken Escher ze weise wat hir Stad alles u Kultur, Aktivitéiten, Sport an Zerwisser fir si ze bidden huet.

An och dëst Joer huet et sech d’Escher Bibliothéik net huele gelooss fir mat vun der Partie ze sinn. Eenzegen Ënnerscheed zu de Jore virdrunner? Mär hunn eis eege kleng Bibliothéik op dräi Rieder – eise Bibliambule – matbruecht. Et woar déi éischte Kéier, dass de Bibliambule e ganzen Dag am Zentrum vun Esch unzetreffe woar. An en hat definitiv Succès bei der Escher Jugend! An déi bequeem Hängematte konnt ee sech dran tesselen a gemitterlech an engem Buch ze stöberen, um Tablet oder Handy eppes nosichen oder einfach nëmmen eng kuerz Paus aleeën.

Bei esouvill Zoulaf a Erfolleg géife mär mengen: mission accomplished! A mär loossen d’Fotoen einfach fir sech schwätzen …

Nuit de la Culture 2019

Fir d’Nuit de la Culture 2019 konnt een eis Bibliothéik ob dräi verschidde Plaze fannen:

 

Zum engen hate mir scho Méindes der Librairie Diderich Bicher fir an hier Vitrinn ausgeléint, déi all an der enger oder anerer Form mat der Thematik vum Waasser ze dinn haten – vun déieresche Waasserbewunner, iwwert Krimien an deenen dat naasst Element déidlech war, bis hin zu Klassiker wéi dem Jules Vernen säi „Vingt milles lieues sous les mers“. Sou goufen d’Leit schon Ufanks der Woch an eng aquaphil Stëmmung bruecht.

 

Op der Place Grobirchen wuare mer souguer nach éischter ënnerwee. Schonn am Summer hu Kanner aus den Escher Grondschoulen zesumme mat eis eng ganz magesch Zort Graffitie realiséiert, déi nëmme visibel gi wann et reent…. Falls Dir also am Laf vun de leschte Méint op dëser Plaz mysteriéis drésche Plazen op reeneregen Deeg begéint hutt, ass och dëst Geheimnis elo gelëft: dat wuare mär.

 

Awer och um Dag selwer wuare mär präsent: eise Bibliambule hate mär um Parking nieft der Eglise St. Joseph opgebaut. Ëm di 100 Visiteuren hu vun deem schéine Wieder profitéiert fir et sech an eisen Hängematte gemittlech ze maachen, e Buch ze liesen (natierlech och zum Thema Waasser!) oder einfach d’Sonn ze genéisse befiert et wieder gaangen ass an den Zentrum fir den Ofschloss vun dëser Editioun vun der Nuit de la Culture.

 

Bis d’nächst Joer op där nächster magescher Nuecht zu Esch!

Kannerbuchliesung op der Brill Plaz

Um Samschdegmoien vum 20. Juli hate mär Rendez-vous mat der Autorin a Verleeërin Christiane Kremer fir eng weider Kannerbuchliesung am Kader vun eisem Centenaire.

Dës Liesung sollt ausserhalb vun eise Mauere stattfannen, a sou huet een Deel vun der Equipe an der Bibliothéik d’Stellung gehalen an deen Deel sech mat dem Bibliambule – eiser Bibliothéik op Rieder – op de Wee Richtung Brillplaz gemaacht.

Nodeems de Bibliambule mat senge Bicher an de bequemen Hängematten opgeriicht war, hu mär d’Sëtzgeleeënheete fir déi kleng Gäscht preparéiert.

Et goufen dräi flott Geschichte virgelies, zwou dovunner vum Christiane geschriwwen („Poli a Maisy“ a „So mol Lobo“), souwéi eng weider Geschicht, déi vum Christiane op Lëtzebuergesch iwwersat ginn ass („Di kleng Prinzessin : ech hätt och gär Frënn“).

D’Christiane huet mat Hëllef vun engem Kamishibai a verschidden Objeten d’Geschichten zum Liewen erwächt. Esou konnten d’Kanner, déi nogelauschtert hunn, Deel vun der Erzielung ginn an d’Personnage fir eng kuerz Zäit selwer verkierperen.

Obwuel et am Ufank e bëssen Hesitatioun gouf, huet sech de Public lues a lues mat klengen a groussen Nolauschterer gefëllt, déi wärend enger Stonn dovu profitéiert hunn sech an dräi nei Welt katapultéieren ze loossen.

No der Liesung konnt de Bibliambule nach ausféierlech getest ginn. Et war sécherlech net déi leschte Kéier, dass dësen zum Asaz koum.

Dëst Event op der Brill Plaz/Place de la Résistance huet der Bibliothéik erlaabt hirem Public ausserhalb vun de Bibliothéiksmauere méi no ze kommen an nei Connectiounen ze schafen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom