Posts Tagged: Kleeschen

De Kleeschen an der BESA

De Kleeschen huet et sech och dëst Joer net huele gelooss an d’Escher Bibliothéik ze komme fir d’Biller matzehuelen, déi fir hien gemoolt goufen, an eng Geschicht virzeliesen. Dës Kéier huet hien sech “D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack” vum Pierdomenico Baccalario & Alessandro Gatti erausgesicht, déi bei Kremart Edition erauskomm ass.

De Video fënnt sech op eisem Youtube-Kanal ënner: https://www.youtube.com/watch?v=dqfLzfHDYL0&t=5s

De Kleeschen an Houseker an der BESA

Eis Kleeschen-Liesung konnt 2020 natierlech net ewéi gewinnt stattfannen.

 

Dofir waren de Kleeschen an den Houseker eleng bei eis an der Bibliothéik op Besuch fir e Video opzehuelen. Als Geschicht huet sech de Kleeschen “D’Geheimnis vun der Chrëschtmaus”  vum Norbert Landa an Annabel Spenceley erausgesicht, erauskomm bei Éditions Phi.

 

De Kleeschen huet et sech och net huele gelos all déi flott Biller ze presentéieren, déi him d’Kanner iwwer d’Bibliothéik zoukomme gelos hunn.

 

De Video fënnt sech op eisem Youtube-Kanal ënner:  https://www.youtube.com/watch?v=AXskX6k_rdM&t=34s&fbclid=IwAR26e19NHHu6hH6ar19gR7IO3vhF9Aynfh_WIFdjZ-ZcBnlAmaVgtzmRpTs

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…

6. Dezember. Den Dag vum hellegen Zinniklos. Deen Dag huet dëst Joer och ganz besonnesch an der Escher Bibliothéik ugefaangen: an zwar mat enger thematesch passender Liesung fir zwou Crèchen, déi d’Kim an eisem Kannereck, mat rouder Zipfelmutz um Kapp, gehalen huet.

Mee och déi aner Mataarbechter vum BESA-Team haten et sech net huele gelooss fir dës Geleeënheet hire schéinste Chrëschtdags-Pullover aus dem Schaf ze kromen.

Nomëttes war am grousse Liessall alles prett fir deen héije Besuch: de Kleeschen an den Houseker. A wéi eng Plaz géif sech besser eegene fir vum Kleeschen héchstperséinlech eng Geschicht virgelies ze kréien, wéi eng Bibliothéik? Gespaant hu kleng a grouss d’Geschicht vum Ieselche sengem Kaddo an nogelauschtert – natierlech kommentéiert vum Houseker, deen dem Kleeschen awer fläisseg beim Ëmbliederen assistéiert huet.

Kee vun deene klenge Besicher ass deen Dag eidel ausgaangen: eng 180 Kleeserchers-Titercher goufe verdeelt. All eenzel dovu war e Konschtwierk: agepaakt a Pabeier vum Weltbuttek a kreativ a mat vill Léift bemoolt vun de Schüler aus der Brillschoul.

Owes hu Kleeschen an Houseker sech dunn op de Wee gemaach op hiren nächsten Tour. Mär hoffen, dass si och d’nächst Joer nees Statioun bei eis an der Bibliothéik maachen!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom