Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…

6. Dezember. Den Dag vum hellegen Zinniklos. Deen Dag huet dëst Joer och ganz besonnesch an der Escher Bibliothéik ugefaangen: an zwar mat enger thematesch passender Liesung fir zwou Crèchen, déi d’Kim an eisem Kannereck, mat rouder Zipfelmutz um Kapp, gehalen huet.

Mee och déi aner Mataarbechter vum BESA-Team haten et sech net huele gelooss fir dës Geleeënheet hire schéinste Chrëschtdags-Pullover aus dem Schaf ze kromen.

Nomëttes war am grousse Liessall alles prett fir deen héije Besuch: de Kleeschen an den Houseker. A wéi eng Plaz géif sech besser eegene fir vum Kleeschen héchstperséinlech eng Geschicht virgelies ze kréien, wéi eng Bibliothéik? Gespaant hu kleng a grouss d’Geschicht vum Ieselche sengem Kaddo an nogelauschtert – natierlech kommentéiert vum Houseker, deen dem Kleeschen awer fläisseg beim Ëmbliederen assistéiert huet.

Kee vun deene klenge Besicher ass deen Dag eidel ausgaangen: eng 180 Kleeserchers-Titercher goufe verdeelt. All eenzel dovu war e Konschtwierk: agepaakt a Pabeier vum Weltbuttek a kreativ a mat vill Léift bemoolt vun de Schüler aus der Brillschoul.

Owes hu Kleeschen an Houseker sech dunn op de Wee gemaach op hiren nächsten Tour. Mär hoffen, dass si och d’nächst Joer nees Statioun bei eis an der Bibliothéik maachen!