Pressekonferenz Centenaire

Kuerz virun der éischter Manifestatioun am Kader vum 100. Gebuertsdag vun der Escher Bibliothéik, hunn de Buergermeeschter Georges Mischo an de Kulturschäffe Pim Knaff d’Feierlechkeete mat enger Pressekonferenz agelaut. Zesumme mat der Bibliothéiksequipe hu si d’Projeten déi ënnert dem Slogan „A look at the past. A vision for the future.” organiséiert wäerte ginn, virgestallt. Ënnert anerem gouf och de Centenaires-Logo an déi nei Bibliothéiks-Websäit presentéiert.