Ee “blind date” mat Bicher …

Touch me. Blind date with a book.

„Les cinq sens du livre – Mat alle Sënner liesen » esou waren d’Journéees du Livre et du Droit d’Auteur fir d’Editioun 2019 iwwertitelt.
Fir d’éischte Kéier sollte nieft deenen onsëllegen lokalen, och 4 regional Manifestatioune stattfannen, bei deenen déi ënnerschiddlechen Acteuren vum Buchsecteur invitéiert waren zesummen ee méi grousst Evenement organiséieren.
Well dës Form vun Zesummeschaffen ganz kloer bei eis Institutioun a virun allem och an den Esprit vun der stratégie culturelle „Connexions“ passt, huet d’Escher Bibliothéik an hirem Gebuertsdagsjoer d’Koordination fir den Event am Süden iwwerholl.
No enger éischter Réunioun mat deenen éischte Partner war d’Iddie vun engem « blind date with books » gebuer. Wat geschitt wann een net mat den Ae liest? Wann ee genau dëse Sënn ewechléisst? Mat welche Sënner kann ee soss nach Bicher entdecken a sech op Texter aloossen?

Dorobshin sinn am Laf vun der Zäit ëmmer méi Partner dobäigestouss. Mam Centre culturel régional opderschmelz zu Diddeleng hu mär déi ideal Plaz fonnt, déi et engersäits erméiglecht huet verschidde Stänn am Grand Auditoire unzebidden, an anerersäist owes am Ciné Starlight eng ganz besonnesch Form vu Kappkino ze presentéieren.

Vun Audioquizz, Hörspillbibliothéik, Bicherdësch, Boîte à histoires, Lieseck, Brailleschrëft bis Kannermärecher war fir all Sënn eppes dobäi. Net ze vergiessen d’Cupcakes ganz am Journées du Livre-Look, déi eis de Nomëtten verséisst hunn.
Besonnesch frou si mär iwwert dat neit Wëssen an all déi nei Kontakter déi duerch dëse Projet entstane sinn a geknëppt goufen. Mär sinn immens gespaant welch nei Synergien an Zukunft dorauser entstoe wäerten.
E grousse Merci un all d’Partner, déi zu dëser Manifestatioun bäigedroen hunn: Centre culturel régional opderschmelz, Bibliothèque publique régionale de Dudelange, Bibliothèque municipale de Differdange, Escher Bibliothéik, Centre National Audiovisuel , Librairie Diderich, Radio ARA, Service Jeunesse Esch, Zoom éditions, Centre pour le développement des compétences relatives à la vue , Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung.

Merci och der Ville de Dudelange fir hir Ënnerstëtzung an der Bibliothèque nationale de Luxembourg fir d’Gesamtkoordinatioun.