Graphic Novel Brunch

Dass „Bandes Dessinéen“ – kuerz „BDen“- bei Wäitem net nëmme fir Kanner geduecht sinn, mee och usprochsvoll Sujeten, déi eng déifgrënneg Recherche an Opbereedung brauchen, kënne behandelen, dovunner konnt ee sech e Sonnden,  de 15. Dezember, an der Escher Jugendherberg iwwerzeegen. Hei huet de fir d’Joer 2019 de leschten Event am Kader vum Centenaire vun der Escher Bibliothéik stattfonnt.

Den Zeechner Marc Angel huet et vum éischte Moment un verstanen, d’Zuschauer ze begeeschteren, dëst net nëmmen duerch säi lockert Optriede mee virun allem duerch seng immens pakend Aart a Weis fir iwwert seng Aarbecht ze schwätzen.

Dobäi gouf et vill Neies ze léieren: sou zum Beispill, dass déi wierklech Action sech an de wäisse Sträifen tëschent den Zeechnungen ofspillt an bei enger historescher BD op d’Genauegkeet vun den historesche Fakte vill Wäert geluecht gëtt, fir Anachronismen ze vermeiden.

De Marc Angel, deem säi Buch „De Jas“ elo och bei engem däitschen Editeur publizéiert gouf, huet unhand vun diverse Skizzen d’Evolutioun vu senge Wierker anschaulech erklärt an d’Defi’en wéi och de Facetteräichtum vu senger Aarbecht presentéiert.

No dësem Exposé mat uschléissender Diskussiounsronn, konnt sech de Public vum Brunch zerwéieren an ënnertenee fachsimpelen oder dovunner profitéieren sech vum Marc Angel eng Dedicace an eent vu senge Wierker zeechnen ze loossen.