Pressekonferenz BESA-Kannerbuch

D’Escher Bibliothéik huet an Zesummenaarbecht mat Zoom Éditions e Kannerbuch presentéiert. Am Kader vum Ofschloss vum Centenaire gëtt dëst Buch, wat a 4 Sproochen erhältlech ass an d’Bibliothéik op eng spilleresch, witzeg a pedagogesch Aart a Weis duerstellt, un 367 Escher Schüler vum Cycle 3.1. verdeelt. Et wäert och ab dem 2. Mäerz an der Bibliothéik disponibel sinn.

Vum Claudine Furlano illustréiert, erméiglecht d’Buch de jonke Lieser d‘Bibliothéik op eng spilleresch, witzeg a pedagogesch Aart a Weis ze entdecken. De Jippy (Kuerzform vum Jean-Pierre Theisen), sënnbildlech Figur vun der Bibliothéik, féiert d’Kanner duerch déi verschidde Raimlechkeete vun der Bibliothéik an erkläert hinnen de Fonctionnement. E Virwuert vum Historiker Dr. Vincent Artuso illustréiert d’Iddi op déi d‘Bibliothéik opgebaut gouf an déi och no 100 Joer nach ëmmer aktuell ass: am Liewe gëtt ee besser eens, wann ee virwëtzeg bleift!