Ofschloss-Feierlechkeete vum Centenaire

Virun 100 Joer – den 2. Mäerz 1920 – sinn d’Diere vun der Gemengebibliothéik vun Esch offiziell opgaangen. Genau 100 Joer méi spéit, den 2. Mäerz 2020, stoung den Ofschloss vum Centenaire vun der Escher Bibliothéik aus dësem Grond ganz am Zeeche vun enger „Journée Portes Ouvertes“.

D’Villa Deitz, déi d’Bibliothéik zënter 1946 beheemegt, gouf fir dësen Dag extra erausgefiizt an dekoréiert. E neie Banner vir um Balcon huet d’Gäscht begréisst, Loftballonen un der Paart hunn hinnen de Wee gewisen, Loftschlaangen hunn d‘Trapenhaus verschéinert an op der Pinnwand am Gank huet eng Liichterketten d‘Fotoen aus deene vergaangenen 12 Méint presentéiert.

Den Ufank vum Dag huet eng „Mystery-Liesung“ gemaach: Fir déi jonk Nowuessdetektive gouf et e besonnesch urgente Fall ze léisen: eisen Erzéier a Photograph Jan gouf gekidnapped! Séier hunn sech kleng Gruppe gebild, déi mat detektiveschem Geschéck iwwerall an der Bibliothéik no Indice gesicht hunn. Duerch d‘Mathëllef vum Pirat Georges, dem Sandra Holmes an dem Kim Watson konnt de Fall Gott sei Dank a kierzester Zäit geléist an de Jan erëmfonnt ginn.

Um 1. Stack gouf wärenddeem e Manga-Workshop vun der lëtzebuerger Mangaka Sabrina Kaufmann ofgehalen. Mat gespëtze gouf gezeechent an e puer original japanesch Snacks hunn de Cours verséisst.

De ganzen Dag iwwer war d’Bibliothéik zu hire gewinnten Ëffnungszäiten op. Nieft den übleche Medien a Servicer konnten d’Notzer awer och dovunner profitéieren eist BESA-Kannerbuch ze entdecken a bei enger Tombola matzemaachen, bei där et flott Präisser ze gewanne gouf. Op eisem Themendësch ware fir dësen Dag Wierker vun den Auteuren a Kënschtler ausgestallt, déi Deel vun de Centenaires-Aktivitéite waren.

E weidere Programmpunkt war e Virtrag vum Zeechner Andy –ND!- Geenen, deen e Bléck hannert d’Kulisse vun der Bande Dessinée geworf huet. Wärend d’Nolauschterer nom Virtrag nach mam Andy gefachsimpelt hunn, gouf bausse vum Liessall schonn de Catering prett gemaach. Ausserdeem huet sech d’Band Zero Point Five opgebaut a prett gemaach.

Zum Ofschloss vum Owend war et Zäit fir de Vernissage vun enger neier Expo an der „Galerie am Trapenhaus“, déi zesumme mam Photo Club Esch entstanen ass. Domadder gëtt d’BESA dann och den Zepter wieder un e weidert honnertjäregt Gebuertsdagskand.

Zesummen huet d’Team vun der Bibliothéik (fir dësen Dag a fonkelneien, personaliséierten Tshirten an Hoodien erausgefiezt) de Gebuertsdagskuch ugeschnidden. An dono gouf mat alle Notzer gefeiert.

Zu gudder Lescht ass dësen Ofschloss och eng Plaz fir Merci ze soen: Merci jidderengem, deen eis am Laf vun dësem Centenaire begleet huet an en Deel dovunner war, egal op wéi eng Manéier. Et war e spannend Joer mat villen neien Aventurens an Erausfuerderungen.

Mär hoffen, dass et Iech gefall huet an hoffen Iech geschwënn bei eis an der Escher Bibliothéik erëm ze gesinn!

Merci!

Alexa, Georges, Jan, Kim, Daniela, Sandra & Tami
BESA-Team 02/03/2020