Escher Familljendag

D’Famill an all hirer Diversitéit

Déi éischt Editioun vum Escher Familljendag stoung ganz ënnert dem Zeeche vun der Diversitéit, der Gesellegkeet an dem Austausch tëschent de Generatiounen. Eng flott Initiativ fir déi modern Famill, ënnert all hire verschiddene a net konventionelle Formen, ze feieren. Ob elengerzéiend, adoptéiert oder LGBT : All Famill ass ënnerschiddlech an eenzegaarteg, a genau dat mécht Esch esou villfälteg a lieweg.

Fir den Optakt vum éischte Familljendag ware mär mat engem Stand op der Brillplaz vertrueden. Zesumme mat de LGS – Scoute St. Joseph Esch/Alzette hu mer dräi Ateliere proposéiert wou d’Familljen hiren eegene Stammbam mat vill Begeeschterung konnte bastelen. Wat mécht hir Famill aus? Wat wier hire eegene Familljemotto? Schnell huet sech aus dem Austausch tëschent de Familljememberen erginn, dass net ëmmer Blutt eleng eng Famill ausmécht, mä de Begrëff sech och op Frënn oder souguer Hausdéiere ka bezéien.

Wéi bei ville vun eisen Aktivitéiten déi mär ausserhalb vun eise Maueren organiséieren, war och de Bibliambule, e richtege Bléckfang, mat dobäi. D’Familljen hunn et sech trotz groem a kalem Wieder net entgoe gelooss fir sech an den Hängematte bequem ze maachen an an de verschiddene Bicher ronderëm d’Thema Famill gemittlech ze stöberen.
E gelongene Startschoss fir den Escher Familljendag mat ville stralenden a zefridde Familljen déi dat schlecht Wieder ganz schnell vergiess gemaach hunn.