BESA Book Folding

Upcycling mat Bicher

Fir d’Rentrée culturelle 2020 huet d’Escher Bibliothéik zesumme mam Yasmine Offermann zwee Atelieren ugebueden fir d’Grondtechnike vum „Book folding“ ze léieren. Dës Konschtform erlaabt et Bicher, déi net méi gelies oder ausgeléint ginn, e neit Liewen ze schenken.

Am Respekt vun de COVID-Mesure konnte jeeweils 5 Participanten un den Atelieren deelhuelen. Béid waren ausgebucht an et gouf konzentréiert a mat opmierksamer Begeeschterung gefaalt.